top of page

Wo ist Walter (Lux)

Aktualisiert: 15. März 2022

Erënnert Dir Iech un d’Bicher vum Walter, de Jong mat der Zipfelmutz an deem rout-wäiss gesträifte Pullover? Hie war um Baggerweier, op engem Fest, mee eppes war hien ni, nämlech eleng. Et goung drëm, hien esou séier ewéi méiglech op deem flaach wierkende Bild ze fannen, an dat huet oft laang gedauert.Wéi ech ugefaangen hu mat fotograféieren, hunn ech probéiert, alles esou anzefänke wéi et op der Plaz ausge-sinn huet oder, si mer éierlech, wéi ech wollt, datt et aus-gesi géif. Wonnerschéin sollt d’Resultat sinn, faarweg, mat villen Detailer, eng Explosioun un Andréck war mäin Zil. Op d’Foto eng Geschicht erzielt huet, huet mech wéineg beschäftegt, d’Haaptsaach et war näischt ausgebrannt oder komplett schwaarz. D’Biller mam Wally, wéi en am Original geheescht huet, hu wéinstens eng Onmass vu Geschichten erzielt an awer huet alles ähnlech aus-gesinn. Trotzdeem oder grad doduerch war et e kom-plette Kuddelmuddel an et war een egal wéi frou wann een de Jong endlech fonnt hat an een d’Buch erëm konnt zouschloen.Wéi ech dëslescht mat mengem neie Smartphone mat engem Klick eng perfekt exposéiert awer onrealistesch Foto vun engem Bësch gemaach hunn, déi largement an den HDR gerutscht ass, – computational photography léisst gréissen – hunn ech mir d’Fro gestallt, op dës Manneg-faltegkeet vu Faarwenexplosiounen, anescht kann ech et net beschreiwen, wierklech d’Léisung wir. De Schiet ass vun der Software erausgerechent ginn. Du hues e Wallybild gemach duecht ech mir. Um Instagram hätt et vill Likes kritt.Etüden hunn erginn, dass, am Géigendeel zu der Foto-grafie, den Dynamikemfang an der Musek déi lescht Jorzéngte konstant erofgaangen ass: et kraacht konstant d’selwecht haart aus de Lautsprecher an d’Geschwin-degkeet vum Takt ass gleichbleiwend héich. Kënnt eng Paus an engem Lidd vir, sief et och nëmme fir e puer Sekonnen, gëtt de Radiosender gewiesselt, oder et gëtt op dat nächst Lidd am Streamingdéngscht gedréckt. E Beispill ass d’Lidd November Rain (1992) vu Guns N’ Roses. Ouni d’Paus ofzewaarden, fänkt dat nächst Lidd schonn um Radio un ze trelleren, soss kéint nach ee Nolauschterer ëmschalten. Dat ass de Risiko vum Main-stream, an de Museker dee Sue verdénge wëllt, passt sech un. Quantity goes over quality. Nodenken kascht Zäit an Zäit ass Geld.D’Fotografie ass awer ëmmer e Ginn an en Huelen a mir kënnen d’Liicht an d’Däischtert gutt benotze fir besser Stëmmungen ze kreéieren an interessant Geschichten z’erzielen andeems mir domat spillen. E Schëllerbléck op d’Molerei, besonnesch de Chiaroscuro, weist eis, datt een de Schied an der Kompositioun ëmaarme kann an net onbedéngt wegradéiere muss, an der Fotografie mat multipler Expositioun z. B., am beschten nach automatesch, iwwert den Handy.Vill Filmer, esou wéi virdrun de Film noir och, maachen et sech elo zum Optrag fir d’Kamerae komplett ausze-reize fir mam Liicht ze spillen a Reim mat just wéineg oder esouguer deelweis ouni Informatiounen ze schafen. D’Zil ass et d’Helltéin ze protegéieren, de Rescht kann an der kompletter Däischtert ënnergoen. Et ass also en erwënschten Effekt an et gëtt net probéiert, dës Stëm-mung mat technesche Mëttel ze eradikéieren esou wéi mäin neie “coolen” Handy dat mécht.Doduerch entsteet och oft negative Raum (negative space) a schéi modeléierend Kontraster. D’kompositionnel Optiounen, déi doduerch entstinn, leeden eis Aen op déi wichteg Elementer déi der Geschichtenerzielung déngen a verstoppen dat Iwwerflëssegt, dat Stéierend an dat Oflenkend. D’Motiv muss otme kënnen an de Schied erméiglecht hinne Loft ze huelen. Den Auteur kreéiert e Silence imposé mat deem hie spille kann an bidd esou dem Beobachter eng Verschnaufpaus, souzesoen Zäit, fir iwwert dat Essentiellt an der Foto nozedenken.Leider erfuerdert et vill Erfahrung, negative Raum an der Fotografie gekonnt gestalterech anzebannen. Dobäi hël-left en allemol fir eng Harmonie ze konzipéieren an de Schwéierpunkt vun der Foto kloer duerzestellen.Positiven an negative Raum zesummen bilden d’Figur- Grond-Wahrnehmung, e Grondprinzip vum Design an der kënschtlerecher Kreatioun a stellt d’Gläichgewiicht tëscht Hell an Donkel duer. Méi Abstraktioun bedeit awer och erëm am Emkéierschluss méi Denken, eppes wat op seng Manéier ustrengend an dach dankbar ass an, leider, an eiser schnelllieweger Zäit oft ze kuerz kënnt.Och wann si net d’Chiaroscuro verkierperen, maachen den Arnold Newman an de Michael Kenna eis vir, wéi ee mat wéineg Elementer, oft negativem Raum, vill schafe kann. De Fotograf brauch dofir Kreativitéit, Passioun a vill Zäit, keng 100.000 Follower op de soziale Medien, déi zwou Sekonne seng Foto ukucken an déi duerno am Nirvana verschwënnt. Hie brauch e Mënsch, deen op enger Foto ëmmer an ëmmer erëm verweile kann, a sief et nëmmen hie selwer. Wéi seet een esou schéin, léiwer e puer gutt Frënn wéi vill falscher.Dëst ass e Plaidoyer fir den negative Raum an d’Chiaro-scuro an der Liichtmolerei, e Klassiker eben. Ech kann awer falsch leien, well, wéi gëtt dem George Bernard Shaw oft fälschlecherweis an de Mond geluecht: “Tradition ist eine Laterne, der Dumme hält sich an ihr fest, dem Klugen leuchtet sie den Weg.”Wann ech de Walter géif fannen, da géif ech hie froen.


Source Flash (Cameralux) - Paul Reding

56 Ansichten0 Kommentare
bottom of page